Dëst ass eng Aktioun vu Spellchecker.lu mam Zil, dat geschriwwent Lëtzebuergesch op Photogen.lu wesentlech ze verbesseren.
D'Approche ass ganz einfach: Mir versiche méiglechst vill Benotzer dovunner ze iwwerzeegen, Firefox mam Spellchecker.lu-Plugin ze installéieren an en dann och op Photogen.lu ze benotzen. Dat verlaangt natierlech e bësse Mathëllef vun de Benotzer, dofir wëlle mer mat dëser Säit d'Installatiounsprozedur esou einfach ewéi méiglech maachen.
Probéier et aus a géi déi dräi einfach Schrëtt op dëser Säit duerch. Wann zum Schluss alles gréng ass kanns du Spellchecker.lu och op Photogen.lu aktivéieren an do deng Commentairen, deng Kritiken an deng Noriichten automatesch verbessere loossen. Domat kanns och du dozou bäidroen dass Lëtzebuergesch méi eescht geholl gëtt.
Froen, Onkloerheeten, Ideeën, Virschléi? Einfach eng Mail un michel@spellchecker.lu schécken.
Mozilla Firefox ass ee gratis Webbrowser deen duerch seng héich Sécherheet, seng innovativ Funktiounen a seng Benotzerfrëndlechkeet bekannt ass. Firefox kann duerch eng grouss Palett vun Erweiderungen ergänzt ginn. Fir lëtzebuergesch Internet-Surfer gëtt et fir Firefox eng Erweiderung vu Spellchecker.lu mat där op all Säit, an an all Textfeld Feeler a lëtzebuergeschen Texter live ënnerstrach ginn.

Du kanns Firefox net installéieren well s du net Administrator bass? Da probéier Firefox Portable, eng speziell Versioun vu Firefox déi een ouni Installatioun vun engem USB-Stick oder einfach esou vun Desktop ka starten.
Du muss fir d'éischt Firefox installéieren.
Du muss fir d'éischt Firefox installéieren.